Petitioun fir d'Trennung vu Kierch a Stat

3 gutt Grënn fir eng Trennung vu Kierch a Stat

  1. Relioun ass eng Privatsaach!
    Dofir sollt Kee gezwonge gi fir eng bestëmmte Relioun finanziell z'ënnerstëtzen. Villméi sollt all Bierger, wéi den Artikel 20 vun der lëtzebuergescher Verfaassung et virgesäit, selwer entscheede kennen, ob en eng Relioun ënnerstëtze well oder net.

  2. D'Kierch ass eng ëmstridden Organisatioun!
    D'kathoulesch Kierch huet systematesch Mëssbrauch vu Kanner an den eegenen Reien vertuscht. Donieft stellt si d'Recht op Selbstbestëmmung a Fro, si verstéisst kierchenintern géint d'Gläichstellung vu Mann a Fra an diskriminéiert ëffentlech homosexuell Mënschen. Esou eng Organisatioun sollt net vum Stat finanziell subventionéiert a privilegéiert ginn.

  3. Bei der Kierch spueren!
    Alleng d'kathoulesch Kierch kritt duerch eng Konventioun mam Stat all Joer méi wéi 20 Milliounen Euro u Steiergelder. Dobäi kommen nach etlech Millioune fir den Ënnerhalt vun de Kierchen. Et ass ëffentlech net bekannt, wéi vill d'Kierch am Ganze kascht. Wann elo a Krisenzäiten iwwerall soll gespuert ginn, da freet ee sech, firwat dat net och bei der Kierch soll gemaach ginn. Si ass jo räich genuch, fir sech kenne selwer ze finanzéieren.

Aus deene Grënn fuerderen d'Signatairen elo direkt d'Trennung vu Kierch a Stat!