FAQ

Wourëms geet et?
Den Zweck vun der Petitioun besteet NET doran, reliéise Leit hire Glawen ze verbidden oder d'Relioun ofzeschafen. Et geet eis villméi dorëms, weltanschaulech Gerechtegkeet ze schafen an enger Gesellschaft, wou längst net méi 90% vun de Bierger praktizéierend Katholike sinn.

Wat ass eist Zil?
D'Trennung vu Kierch a Stat ass eng Fuerderung, fir déi et nach ëmmer gutt Argumenter gouf. Leider huet se et bis haut ni wierklech op d'Agenda vun de politesche Parteien gepackt, an dat obwuel se ausser der CSV all dofir sinn. Eist Zil ass et, eise Politiker kloer ze maachen, datt mer och an dëser Fro zu Lëtzebuerg endlech am 21. Jhd. ukomme sollten, an datt et un hinnen ass, endlech eppes ze bewegen.

Ënnerstëtzt eis!
Wann dir eppes zum Erfolleg vun eiser Initiativ bäidroe wëllt, dann invitéiere mer iech, d'Petitioun souwuel online ewéi och offline ze verbreeden: Nieft dem Online-Formular kenn dir och Petitiounslëschten erausdrécken, fir se Leit ouni Internetzougank accessibel ze maachen. All Ënnerschrëft zielt!

Zu den anonymen Ënnerschrëften:
Anonym Ënnerschrëften bedeiten net, datt déi Leit hire Numm net uginn hunn, et bedeit just, datt en ëffentlech net ze gesinn ass (esou wéi dat bei enger Petitioun um Pabeier och de Fall ass).

Weider Froen kennt dir am Forum stellen oder per E-Mail:
sokrates.lu@googlemail.com